Fir sech op d’EM-Qualifikatioun ze preparéieren spillt d’Footballnationalequipe den 13. August en Testmatch géint Fortuna Köln aus der 3. däitscher Liga.
D’Partie gëtt um 19h30 zu Wolz um Terrain Géitzt ugepaff. Den 3. September da spillen d’Rout Léiwen géint den 1. FC Köln.