DEN FC WOLTZ 71
huet déi traureg Flicht, den Doud vo sengem laangjährige Comitésmember, Délégéierten von der 1. Equipe, Platzdélégéierten, Jugendleeder a Caissier-Adjoint, dem
Här Gilbert WEIS
matzedeelen.
Mer soen dem Gilbert villmools Merci fir säin Asaatz am Dingst vun eise Spiller a ganz besonnesch fir alles wat heen am Jugendbereich fir den FC Woltz gemeet huet.
Mir wäerten hien a beschter an dankbarer Erënnerung behalen an drécke senger Fra, dem Sophie, sengen zwee Jongen an der ganzer Famill eist häerzlecht Bäileed an eist déifste Matgefill aus.





