Den FC Wolz huet sech kuerz virum Start vun der BGL League nach mat engem néien Defenseur verstäerkt. Den Denis Souza Guedes kënnt aus Griicheland op Wolz.

 

De 34 Joer ale Belgo-Brasilianer, Denis Souza Guedes, huet dëst Joer bei Apollon Smyrnis a Griicheland gespillt. Fréier Statiounen waren Mons, Standard Léck a Charleroi. Den 1m91 groussen Zentralverteideger huet e Kontrakt vun engem Joer ënnerschriwwen.

Laisser un commentaire